Landakademie - Manifestatiounen 2020

Landakademie wäert 2020 erëm un verschiddenen Manifestatiounen deelhuelen. D’Anbieter vun der Landakademie sollen esou méi oft Geleeënheet kréien sech an hier Aktivitéiten dem Grand Public virzestellen. D‘Prinzip fir d’Leit fir den "lifelong learning" ze sensibiliséieren an sie fir Léieren an Weiderbildung ze begeeschteren soll weider bäibehalen ginn.

Als Aussteller kennen déi ënnerschiddlechst Akteuren wei beispillsweis Bildungs- a Fuerschungsinstitutiounen, Handwierker, Betriber, Kënschtler, ONG'n, Veräiner asw., deelhuelen. Wichteg ass datt d'Wëssensvermëttelung op eng interaktiv Manéier geschitt an et sech em eng partizipativ Aktivitéit handelt d.h. den Visiteur soll aktiv an d’Geschéien mat abezunn ginn (reng Informatiounsstänn entspriechen net dësem Konzept).

Fir 2020 sinn folgend Manifestatiounen ausgewielt ginn:
31.05. Helpermaart zu Bëschdref (Réckbléck 2019)
02.08. Naturpark Fest am Parc Housen (Réckbléck 2019)
27.09. Kropemanns Fest zu Réiden (Réckbléck 2019)

Wann och dir är Aktivitéiten dem Grand Public wëllt virstellen an d‘Léit fir d‘Léieren an d‘Weiderbildung wëllt begeeschteren, da maacht mat a setzt Iech mat eis a Verbindung (Email: info@landakademie.lu, Telefon: +352 89 95 68-23).

Äert Landakademie-Team