Uni iwwer Land: D’Verfassungsreform an de Referendum


"D’Verfassungsreform an de Referendum vum 7. Juni 2015 - Eng wëssenschaftlech Analyse"
Luc Heuschling (Professer fir Verfassungsrecht, Uni Lëtzebuerg)

Mëttwoch 25.03. 19:00 Biekerecher Millen
Mëttwoch 01.04. 19:00 Däichhal Ettelbréck
Mëttwoch 22.04. 19:00 Festsall um Scheedgen

Am Kader vum Referendum vum 7. Juni 2015 sinn d'Lëtzebuerger Wieler opgeruff, hir Meenung zu dräi Froen zur Verfassung auszedrécken: iwwer d'Walrecht mat 16 Joer, d'Walrecht bei de Chamberswalen fir Net-Lëtzebuerger ënnert gewësse Konditiounen, an iwwer d'Limitatioun vun de Ministermandater op 10 Joer.

Dës wichteg Froe sinn net ouni eng gewësse verfassungsrechtlech Komplexitéit. Et muss een si en plus an de Kader vun der Reform vun der ganzer Verfassung stellen, déi deene meeschte Leit net bekannt ass.

Hei soll ënnert anerem op dës Froën geäntwert ginn:
Iwwer d'Reform vun der ganzer Verfassung: Wat sinn d'Enjeuen? Wéi eng Plaz hunn dës dräi Froen am Kader vun dëser globaler Reform?
Iwwer d'Prozedur vum Referendum: Wéi e Stellewert huet de Referendum an der Revisiounsprozedur vun der Verfassung?
Iwwer déi dräi Froen vum Referendum: Wéi ass den exakten Sënn vun jiddwer Fro? Wéi eng sin am Fong déi wichtegst Grënn dofir an dogéint?

Propostion texte nouvelle constitution
pdf
350.57 KB
Flyer 1
pdf
259.48 KB
Flyer 2
pdf
68.52 KB