Virtrag iwwert de BLUES: BLUES AN EUROPA

  • Datum

    23/01/2020
  • Adresse

    ManuKultura
    1, am Millenhaff
    L-8706 Useldange
  • Uhrzeit

    19h30-21h00
  • Preis

    8€
  • Inhaltsbeschreibung

    De Blues huet sech eréischt Enn de 50'er Joren an Europa duerchgesat, a mat dem éischten American Folk Blues Festival, 1962, ass den Interessi fir des afro-amerikanesch Musek op eemol onmoosseg geklomm. De britesche Blues-Boom mat Gruppen wéi John Mayall's Bluesbreakers, The Animals, Them a net zulescht The Rolling Stones huet och Bluesmuseker um europäesche Festland inspiréiert. Frankräich, d'Belscht, Holland, Däitschland, Italien an déi skandinavesch Länner hunn hir Bluesartisten ervirbruecht.
    An der Tëschenzäit huet de Blues sech an Europa richteg etabléiert. Bei grousse Blues-Festivals ginn d'Leit net nëmme méi mat amerikanesche Kënschtler gelackelt, mee d'Europäer hunn och do hir wuelverdéngte Plaz. Déi däitsch B.B. & The Blues Shacks, déi franséisch Awek, déi dänesch Thorbjørn Risager & The Black Tornado oder déi britesch Paul Lamb & The King Snakes kënnen mat hiren amerikanesche Virbiller duerchaus mathalen.
  • Vorkenntnisse

    keng
  • Technische Voraussetzungen

    keng
  • Dozent

    Ben Boulanger
  • Zielpublikum

    • Frauen
    • Jugendliche
    • Männer
  • Themenbereich

    • Kultur und Freizeit
  • Kontaktperson

    monniben@pt.lu