BOOGIE MUSIC - Blues Virtrag mam Ben Boulanger

  • Datum

    02/02/2023
  • Adresse

    ManuKultura
    1, am Millenhaff
    L-8706 Useldange
  • Uhrzeit

    19h30-21h00
  • Termine

    02.02.2023
  • Preis

    10€
  • Inhaltsbeschreibung

    Dësen Owend steet ganz am Zeechen vun der ‚Boogie Music‘, e musikalesche Stil, iergendwou tëschent Blues a Rock, Nofollger vum Boogie-Woogie, wou awer de Piano der Gittar Plaz mécht. Des Musek ass rhythmesch - et beweegt een sech zumindest drop!
    Déi kalifornesch Band Canned Heat, beaflosst vum John Lee Hooker senge Stécker, huet dëse Genre sécherlech net erfonnt, mee si hunn d’Boogie Music weltwäit bekannt gemaach, an dat mat hirem legendären Optrëtt um Woodstock Festival, 1969. D‘Geschicht vu Canned Heat, déi haut nach sporadesch Concerten spillen, ass voller Anekdoten, Skandaler a natierlech gudder Musek !
    Zënter hier gëtt et aner Formatiounen, déi de Genre viruliewe gelooss hunn, zum Beispill ZZ Top, Status Quo, Foghat, a méi rezent Omar & The Howlers, Seasick Steve, Mama‘s Boys oder Ghalia Volt
  • Vorkenntnisse

    keng
  • Technische Voraussetzungen

    keng
  • Dozent

    Ben Boulanger
  • Zielpublikum

    • Frauen
    • Jugendliche
    • Männer
  • Themenbereich

    • Kultur und Freizeit
  • Kontaktperson

    monniben@pt.lu