BabySteps

7, um Sand L-7471 Saeul
Tél: 621727465

E-mail: stephanie.fabbri@email.com
Webpage: https://www.facebook.com/ste.babysteps/
  • Formations

    Il n'y a actuellement pas d'offres de formation
  • Description

    BabySteps as e ganzheetleche an bindungsorientierte Bëbee-Cours vun "Einfach Eltern" fir Bëbeen tëscht 0-1 Joer. Een Elterendeel soll dobäi sinn. Et sinn am Ganzen 8x90 Min. fir 135 euro. Mir treffen eis eemol d'Woch. Entweder Freides vun 9:30-11:00 oder Samsdes vun 10:00-11:30 bei mir doheem zu Sëll.

    Am Bëbee-Cours geet et em Bindung, Nieren/Fläsch, Droen, Schlofen, Iessen (Baby Led Weaning) an Kommunikatioun. Anhand vun "Bauchgefillskaarten" gin all d'Ammemärecher iwwert dei verschidden Themen zësummen behuewen wei zB e Bëbee gëtt zevill verwinnt wann en gedroë gëtt oder et soll een net zevill seier op d'Kräischen vum Bëbee agoën an an an. Am klénge Krees hun ech d'Méiglechkeet besser op är an op d'Bedürfnisser vun äre Bëbeeën anzegoën. Vill Froen kënnen gestallt gin. Ech erklären iech wéi wichteg ët ass op ärt Bauchgefill ze lauschtern an Saachen ze hannerfroën. An enger roueger an gemittlecher Atmosphär kréien d'Bëbeen paralell Aktivitéiten ugebueden dei d'Sënner ureegen an ganz vill Spaass maachen. Et gin enneranerem och Lidder gesongen, Schouss- an Fangerspiller ugebueden, Massagen gemaach, gebastelt an nach villes mei. Wanns du Loscht op eppes Neits an eppes Anescht hues, dann bass du genee richteg.