Kreativatelier

15, rue Prince Henri L-9047 Ettelbruck
Tel: +352 621 691 590

E-Mail: info@kreativatelier.lu
Webpage: www.kreativatelier.lu
  • Kurse

    Alle Kurse dieses Anbieters anzeigen (5)
  • Beschreibung

    "Kreativitéit als dreiwend Kraaft sech selwer ze entfalen an ze entwéckelen"

    Am "Kreativatelier" gi Workshoppe fir Kleng a Grouss am Alter vun 2-99 Joer ugebueden. Dat Besonnescht ass, datt hei Kreativitéit a Wuelbefanne matenee verbonne ginn. D’Haptzil ass et, e gebuergenen a séchere Raum ze schafen, deen et erméiglecht d’Selbstwertgefill vun all Eenzelnem ze stäerken.

    Fir Kanner a Jugendlecher bitt de "Kreativatelier" d’Méiglechkeet déi eege Kreativitéit a Stäerkt, onofhängeg vu Virgaben, Erwaardungen, Drock an Interpretatiounen ze erliewen an ze entdecken.
    Fir Erwuessener bitt de "Kreativatelier" d’Méiglechkeet fir eng kuerz Zäit a seng eege Welt anzetauchen, de Kapp auszeschalten a Kierper a Séil zur Rou kommen ze loossen, onofhängeg vun äusserlechen Ëmstänn.

    D'Grënner vum "Kreativatelier" sinn eng dipl. Sozialpedagogin an en dipl. Psycholog. Eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht zum Wuel vun all Eenzelnem sti fir eis un éischter Stell.