D'Molspill - SUMMERSTAGE (e Molatelier fir Kanner a Jugendlecher vu 7 - 30 Joer)

  • Datum

    29/07/2024 - 02/08/2024
  • Adresse

    Kreativatelier
    15, rue Prince Henri
    L-9047 Ettelbruck
  • Uhrzeit

    9:30 - 11:00 Auer
  • Dauer

    5 x 1,5 Stonn
  • Termine

    29. Juli - 2. August (all Dag 1,5 Stonn)
  • Preis

    125.- Euro
  • Inhaltsbeschreibung

    De Kreativatelier bitt d'Méiglechkeet d' "MOLSPILL" - e Spill mat Pinsel a Faarf - mat all senge Facetten erliewen an entdecken ze kënnen.
    Wärend enger Woch trefffen mir eis 1x den Dag fir 1,5 Stonn am "Malort Lëtzebuerg" fir fräi aus dem Bauch eraus ze molen an eiser Kreativitéit fräie Laf ze loossen, esou datt eng onbegrenzte kreativ Spuer op Pabeier entsoe kann.

    D'Molspill :
    - ass fir jiddereen
    - erfuerdert keng Virkenntnisser a keen Talent
    - fërdert d'Kreativitéit
    - fërdert d'Selbstregulatioun, d'Selbstvertrauen an d'Selbstwertgefill
    - bréngt Entspanung an "Achtsamkeit" an den Alldag vu Kleng a Grouss

    Gemoolt gëtt am Stoen, op den un de Wänn befestegte Blieder. An der Mëtt vum Raum befënnt sech e Palettendësch mat 18 héichwäertege Gouachefaarwen an duerch déi stänneg Pendelbeweegung tëscht der Mauer an de Faarwe gëtt de ganze Kierper an de Molprozess mat abezunn. D´Zil ass net (Konscht-)Wierker ze schafen, mee beim "Molspill" geet et eleng ëm d´Molen selwer, ëm d´Spill mat Pinsel a Faarf, ëm d'Entstoe loossen, de spontanen Ausdrock, deen zum Virschäi kënnt, wann ee sech vu friemen Erwaardungshaltunge lassléist.

    E puer wéineg kloer Spillreegelen erméiglechen dat gemeinsaamt Erliewe vum „Molspill“ an enger entspaanter Atmosphär, ouni Drock, Bewertung, Erwaarundungen, Fuerderungen oder Virgaben; jidderee geet sengen eegenen Impulsen no – eng raimlech an zäitlech onbegrenzte Spuer entsteet.

    Ënner deene virdefinéierte Bedingunge gi beim Molen net nëmmen Erliefnisser, Gefiller an Emotioune siichtbar. Iwwer all Intentioun eraus kënnt och déi an eis ofgespäichert organesch Erënnerung zum Ausdrock (= „Formulation“), déi nëmmen iwwer déi am Malort geschafe Struktur zum Virschäi kënnt.

    Fir dës Aart vu kreativer Äusserung gëtt et keng begaabten oder onbegaabte Kanner an och keng Altersgrenz. Kleng Kanner sinn nach onbelaascht, si erliewen d´Molen als spontaant an ursprénglecht Spill. Fir Schoulkanner an Erwuessener schéngt et ufanks ongewinnt Biller entsoen ze loossen, ouni Erwardungen, Virgaben a Bewäertungen. Mee no an no léisen och si sech vun eegenen a friemen Erwaardungshaltungen a fannen zum spontanen Ausdrock zréck.

    Fir e méi detailléierten Abléck an d’Molspill an déi domadder verbonne Formulatioun lount sech e Besuch op der offizieller Internetsäit vum Arno Stern, Erfinder vum Molspill an Entdecker vun der „Formulation“: https://arnostern.com/

    "Das Formulationsspiel im Malort ist keine Therapie sondern eben Therapie-vorbeugend, weil es Fähigkeiten fördert, die zur Entfaltung und Stärkung der Persönlichkeit führen." - ARNO STERN
  • Dozent

    Myriam Otto - dipl. Sozialpedagogin
  • Zielpublikum

    • Jugendliche
    • Kinder
  • Themenbereich

    • Kultur und Freizeit

Freie Plätze: 10

  • Kontaktperson

    info@kreativatelier.lu