Cabaret Batter Séiss: "Et wor emol ...

  • Datum

    16/11/2024
  • Adresse

    ManuKultura
    1 am Millenhaff
    L-8706 Useldange
  • Uhrzeit

    20h00
  • Termine

    16.11
  • Preis

    15€
  • Inhaltsbeschreibung

    Et wor emol an engem klenge Land, dat wor als Lëtzebuerg bekannt ...
    Esou kennt e Märchen ufänken iwwert e Land mat senge Leit, senge Geschichten, sengen Naupen ,senge Meenungen an nach vill Anerem. Et huet een oft d’ Impressioun, wéi wa verschiddener vun deene Leit déi do wunnen, heemlech dervun iwwerzeegt wären, si géife wierklech an engem Märche-Land liewen. An dobäi leeft bei ons hei grad esouvill derniewent wéi iwwerall soss. A mir si mat deene selwechte Geschichte geplot wéi di aner, och wa vläicht net grad esou schlëmm wéi a munnech Deeler vun der Welt. Esou munches ass an der leschter Zäit geschitt. Mir hunn eng nei Regierung, di künstlech Intelligenz mécht sech breet, op der Fouer (an net nëmme do) gëtt alles ëmmer méi deier, Verschwörungstheorien gi méi heefeg, et gëtt gelunn, Terrorattacke ginn et iwwerall an zu all Moment ... Fréier wor et dach awer ... besser? Oder awer net?
    Mat Texter a Lidder beschäftegt sech de Batter Séiss op seng gewinnte witzeg Aart a Weis mat dësen Thematiken. Et ass dem Ensembel säin 12. Programm, deen ënnert der Regie vum Rob Wagner steet a vun den Actrice Vicky Wagner, Maryse Dondelinger zesumme mat den Acteuren Thierry Feiereisen a Rob Wagner gespillt gëtt. D’ Texter vun de Sketcher an de Lidder sinn zum groussen Deel vum Cabaret Batter Séiss selwer a goufe geschriwwe vum Vicky a vum Rob Wagner.
  • Dozent

    ManuKultura
  • Zielpublikum

    • Behinderte
    • Frauen
    • Jugendliche
    • Kinder
    • Männer
    • Senioren
    • Studierende
  • Themenbereich

    • Kultur und Freizeit
  • Kontaktperson

    manukultura@useldeng.lu