Seitenzauber Buchseiten-Vasen-Workshop!
-
Datum
21/09/2024 - 22/09/2024
-
Adresse
ManuKultura
1 am Millenhaff
L-8706 Useldange
-
Uhrzeit
14h00-15h30
-
Termine
21.09
22.09
-
Preis
30€ / Cours
-
Inhaltsbeschreibung
Wëllkomm am Säitezauber: Bichersäiten-Vasen-Atelier !
Hues du Loscht, aal Bicher an wonnerbar Konschtwierker ze verwandelen? Da komm an eisen Säitezauber: Bichersäiten-Vasen-Atelier a léier, wéi's du Bichersäiten zu impressionante Vasen falt!
An dësem kreativen Atelier weise mir dir Schrëtt fir Schrëtt, wéi's du mat einfache Falttechniken al Bicher an eenzegaarteg Dekoratiounsobjeten verwandels. Egal ob als Kaddo oder als Highlight an dengem eegene Heem – deng selwergemaachte Bichersäiten-Vas wäert garantéiert all Blécker op sech zéien!
Wat erwaart dech? Aféierung an d'Konscht vum Bichersäitefale
Kreativ Iddien an Inspiratiounen
Professionell Uleedung an Ënnerstëtzung
Deng eegen Bichersäiten-Vas fir mat heem ze huelen
Entdeck d'Magie vum Pabeierfalen a loosss denger Kreativitéit fräie Laf. Keng Virkenntnisser noutwendeg – jidderee kann matmaachen! Mellt dech elo un a séchert dir däi Plaz am Säitezauber: Bichersäiten-Vasen-Atelier. Mir freeën eis op dech!
-
Technische Voraussetzungen
Fir Kanner vun 6 bis 12 Joer
Max 8 Kanner
-
Dozent
Tania Kremer Sossong
-
Zielpublikum
-
Themenbereich