E Mëtte fir d’Famill
-
Datum
28/03/2026
-
Adresse
ManuKultura
1 am Millenhaff
L-8706 Useldange
-
Uhrzeit
11h00-15h00
-
Termine
28.03
-
Preis
50€/Famill (max 3 Leit), all weider Persoun: +10€, Kanner ënner 3: gratis
-
Inhaltsbeschreibung
Moien! Ech sinn d’Kina, éducatrice graduée, Wildnispädagogin an aktuell an enger Formatioun als Ernärungs- a Beweegungspädagogin. Mäin Häerz schléit fir d’Natur, fir alles, wat dobausse geschitt, a fir Aktivitéiten, wou ee mat Hänn, Häerz an Naturmaterialie schafft.
Mir huelen eis Zäit fir dat, wat wierklech zielt: eis Famill!
Mir kachen an iessen zesummen, genéissen déi frësch Loft a spillen dobaussen, mat vill Beweegung, Laachen a Freed. Mir genéissen d’Zäit zesummen als Famill.
E Mëtte fir kleng a grouss Entdecker, fir Familljefreed a vill Spaass am Gréngen!
-
Technische Voraussetzungen
Fir Famillje mat Kanner ab 4 Joer (méi kleng Geschwëster si wëllkomm)
-
Dozent
Kina Thill
-
Zielpublikum
-
Themenbereich
- Kultur und Freizeit
- Natur und Umwelt