D'Molspill - fir Kleng a Grouss vun 3-99 Joer
-
Date
La réservation peut se faire continuellement
-
Adresse
Kreativatelier
15, rue Prince Henri
L-9047 Ettelbruck
-
Horaire
15:00 - 16:30 Auer (donneschdes)
9:45 - 11:15 Auer (samschdes)
-
Durée
1 Stonn / Woch (3-6 Joer)
1,5 Stonn / Woch (7-99 Joer)
-
Dates
donneschdes (15:00 - 16:30 Auer)
samschdes (9:45 - 11:15 Auer)
-
Prix
Kanner vun 3 - 6 Joer (1 Stonn / Woch)
165.- Euro / Trimester
305.- Euro / Semester
Kanner, Jugendlecher an Erwuessener vu 7 - 99 Joer (1,5 Stonn / Woch)
225.- Euro / Trimester
405.- Euro / Semester
-
Contenu & objectifs
" ... wer nur von der Formulation erfährt […] wird Kinderzeichnungen als das anerkennen, was allein sie auszeichnet: als ein vom Kind erlebtes Spiel, das keinen Fremden einbezieht." - ARNO STERN
De "Malort" ass e sécheren a geschützte Raum, an deem een d' "Molspill" - e Spill mat Faarf a Pinsel - mat all senge Facetten erliewe kann.
Mir treffen eis all Woch am Grupp a jidderee moolt fir sech, et gëtt keen Thema virginn - et gëtt fräi aus dem Bauch eraus gemoolt. Déi fäerdeg Biller ginn net bewäert oder verglach. Duerch de Prozess vum fräien authentesche Mole léiert ee senger Intuitioun ze vertrauen an ze akzeptéieren.
Gemoolt gëtt am Stoen, op den un de Wänn befestegte Blieder. An der Mëtt vum Raum befënnt sech e Palettendësch mat 18 héichwäertege Gouachefaarwen an duerch déi stänneg Pendelbeweegung tëscht der Mauer an de Faarwe gëtt de ganze Kierper an de Molprozess mat abezunn. D´Zil ass net (Konscht-)Wierker ze schafen, mee beim "Molspill" geet et eleng ëm d´Molen selwer, ëm d´Spill mat Pinsel a Faarf, ëm d'Entstoe loossen, de spontanen Ausdrock, deen zum Virschäi kënnt, wann ee sech vu friemen Erwaardungshaltunge lassléist.
E puer wéineg kloer Spillreegelen erméiglechen dat gemeinsaamt Erliewe vum „Molspill“ an enger entspaanter Atmosphär, ouni Drock, Bewertung, Erwaarundungen, Fuerderungen oder Virgaben; jidderee geet sengen eegenen Impulsen no – eng raimlech an zäitlech onbegrenzte Spuer entsteet.
Ënner deene virdefinéierte Bedingunge gi beim Molen net nëmmen Erliefnisser, Gefiller an Emotioune siichtbar. Iwwer all Intentioun eraus kënnt och déi an eis ofgespäichert organesch Erënnerung zum Ausdrock (= „Formulation“), déi nëmmen iwwer déi am Malort geschafe Struktur zum Virschäi kënnt.
Fir dës Aart vun Äusserung gëtt et keng begaabten oder onbegaabte Kanner an och keng Altersgrenz. Kleng Kanner sinn nach onbelaascht, si erliewen d´Molen als spontaant an ursprénglecht Spill. Fir Schoulkanner an Erwuessener schéngt et ufanks ongewinnt Biller entsoen ze loossen, ouni Erwardungen, Virgaben a Bewäertungen. Mee no an no léisen och si sech vun eegenen a friemen Erwaardungshaltungen a fannen zum spontanen Ausdrock zréck.
Fir e méi detailléierten Abléck an d’Molspill an déi domadder verbonne Formulatioun lount sech e Besuch op der offizieller Internetsäit vum Arno Stern, Erfinder vum Molspill an Entdecker vun der „Formulation“: https://arnostern.com/
"Das Formulationsspiel im Malort ist keine Therapie sondern eben Therapie-vorbeugend, weil es Fähigkeiten fördert, die zur Entfaltung und Stärkung der Persönlichkeit führen." - ARNO STERN
_______________________________________________________________________________________________
ASCHREIWUNGEN: D'Aschreiwung ass zu all Moment méiglech.
Gitt bei der Umellung wgl un, wéieen Dag, datt dir komme wëllt. MERCI
Och Kanner am Alter vun 3-5 Joer kënnen a Begleedung vun engem Erwuessene d'Molspill erliewen.
-
Formateur
Myriam Otto
-
Public cible
- Adolescents
- Apprentis
- Demandeurs d'emploi
- Enfants
- Enseignants
- Entrepreneurs
- Etudiants
- Femmes
- Handicapés
- Hommes
- Migrants
- Parents
- Personnes actives
- Seniors
-
Sujet
- Culture – loisirs
- Homme – santé