Vous êtes ici:- Accueil/
- Formations/
- Babylesen - Ee Cours fir Elteren mat Neigebuerener an Puppelcher vun 0-6Méint mam Viviane Kieffer-Schmit
Babylesen - Ee Cours fir Elteren mat Neigebuerener an Puppelcher vun 0-6Méint mam Viviane Kieffer-Schmit
-
Date
05/11/2024 - 19/11/2024
-
Adresse
ManuKultura
1 am Millenhaff
L-8706 Useldange
-
Horaire
09h30-11h30
-
Dates
05.11 + 19.11
-
Prix
80€/Persoun
100€/ Koppel
-
Contenu & objectifs
Wéi wéisst ons den Neigebuerenen, dass en sech gestresst oder net wuel spiert? Mat wéi engen Zeechen wéisst den Puppelchen, dass en an Kontakt an Interaktioun mat sengen Elteren bereet ass? An wat kënnen d'Elteren maachen, fir dës Kierperbotschaften vun hiren Puppelcher besser ze verstoen an ugemoossen ze beäntwerten?
Dësen Cours ëmfaasst 2 Treffen, an deenen Elteren hier Puppelcher am Alter vun 0-6 Méint gemeinsam beobachten, spieren an besser kenneléieren.
Niewen deenen Perceptioun- an Spierübungen, kréien d'Elteren vill Informatiounen ënner anerem:
• d'Aart a Weis, wéi Puppelcher hir Bedürfnisser an Gefiller matdeelen
• d'Kierper- an Verhalenssignaler vum Puppelchen, wann se sech gestresst an onwuel fillen
• d'Botschaften vum Puppelchen, wann et Rou brauch oder mat sech selwer zefridden ass
-
Formateur
Viviane Kieffer Schmit
-
Public cible
-
Sujet