Eis Ernierung: Infoën an Tipps
-
Date
25/02/2025
-
Adresse
Centre culturel & sportif Heffingen
Stenkel 13
L-7652 Heffingen
-
Horaire
19:00-20:30
-
Durée
90'
-
Prix
5 EUR (gratis fir SBE-Memberen)
-
Contenu & objectifs
All Dag kommen nei Sensatiounen iwwert Iessen, Powerfood, Regimmer an Wonnerdiäten eraus. Mer gi reegelrecht iwerflutet a wéi soll ee sech an deem Dschungel vun Informatiounen nach zurechtfannen? Wat brauch eisen Kierper dann elo schlussendlech an wat ass gesond an ongesond? Kann een dat iwwerhaapt an esou Kategorien andeelen?
An dësem interaktiven Workshop geet et net nëmmen drëm, Wëssen ze vermëttelen, mee villméi drëm ze verstoen wéi eise Kierper an eist Iessverhalen funktionéiert: wat ass Honger, Sättegung, Appetit...
Mer kennen all Theorie vun enger gesonder an equilibréierter Ernierung, mee firwat kréien mer et net hin, et am Alldag ëmzesetzen? Duerch Medien, Werbungen an ëmmer neien Regimmer loossen mer eis dozou verleeden, Saachen ze kafen, déi eis eigentlech guer net gutt doen. Mier hu bëssen den Iwwerbléck doriwwer verluer, wat am Iessen stécht, a mir hunn oft Freed um Iessen verluer, aus Angscht eppes falsch ze maachen.
Ziel ass et, erëm zréck un d'Basis ze kommen, eist Wuelbefannen an eis Gesondheet ze verbesseren an e bessert Verständnis ze entwéckelen fir eise Kierper, d’Iessen an eist Iessverhalen.
-
Formateur
Stéphanie Rosquin, Diététicienne
-
Public cible
- Adolescents
- Apprentis
- Demandeurs d'emploi
- Enfants
- Enseignants
- Entrepreneurs
- Etudiants
- Femmes
- Handicapés
- Hommes
- Migrants
- Parents
- Personnes actives
- Seniors
-
Sujet
- Boire – manger
- Culture générale
- Culture – loisirs
- Homme – santé